Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Player FM - Podcast App Go offline with the Player FM app!
In this episode, we delve into the concept of being "qualified" in the workplace, examining who gets labeled as such, who doesn't, and the underlying reasons. We explore "competency checking"—the practice of scrutinizing individuals' abilities—and how it disproportionately affects underrepresented groups, often going unnoticed or unchallenged. Our discussion aims to redefine qualifications in a fair, equitable, and actionable manner. Our guest, Shari Dunn , is an accomplished journalist, former attorney, news anchor, CEO, university professor, and sought-after speaker. She has been recognized as Executive of the Year and a Woman of Influence, with her work appearing in Fortune Magazine, The Wall Street Journal, Ad Age, and more. Her new book, Qualified: How Competency Checking and Race Collide at Work , unpacks what it truly means to be deserving and capable—and why systemic barriers, not personal deficits, are often the real problem. Her insights challenge the narratives that hold so many of us back and offer practical solutions for building a more equitable future. Together, we can build workplaces and communities that don’t just reflect the world we live in, but the one we want to create. A world where being qualified is about recognizing the talent and potential that’s been overlooked for far too long. It’s not just about getting a seat at the table—it’s about building an entirely new table, one designed with space for all of us. Connect with Our Guest Shari Dunn Website& Book - Qualified: https://thesharidunn.com LI: https://www.linkedin.com/today/author/sharidunn TikTok: https://www.tiktok.com/@thesharidunn Related Podcast Episodes: How To Build Emotionally Mature Leaders with Dr. Christie Smith | 272 Holding It Together: Women As America's Safety Net with Jessica Calarco | 215 How To Defy Expectations with Dr. Sunita Sah | 271 Share the Love: If you found this episode insightful, please share it with a friend, tag us on social media, and leave a review on your favorite podcast platform! 🔗 Subscribe & Review: Apple Podcasts | Spotify | Amazon Music…
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Content provided by radio 100,7 and Radio 100. All podcast content including episodes, graphics, and podcast descriptions are uploaded and provided directly by radio 100,7 and Radio 100 or their podcast platform partner. If you believe someone is using your copyrighted work without your permission, you can follow the process outlined here https://player.fm/legal.
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
D’Lëtzebuerger BD huet sech an de leschte Joerzéngten immens moderniséiert. Bei den Auteuren ass Geschicht nach ëmmer ee ganz beléiften Theema. Wisou dat esou ass, a wéi Geschichts-BDen zustane kommen, dat konnt ee Mëtt Februar op enger Diskussiounsronn am CNL gewuer ginn. D’Claire Barthelemy war fir eis op Miersch kucken.…
Et ass just en Ufank vun enger 6-deeleger Serie. D'Protagonistin an der éischter Oper ass d'Amelia Earhart. Als Fra huet si vill Rekorder opgestallt. Ënner anerem ass si als éischt Pilotin eleng iwwer den Atlantik geflunn. D'Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic huet dës Liewensgeschicht an engem Monodrama verschafft, eng Kammeroper mat nëmmen enger Sängerin. Mat dobäi ass de Lëtzebuerger Ensembel United instruments of Lucilin. D'Opféierung ass den 8. Mäerz 2025 um 18:00 am Kapuzinertheater an der Stad. D'Albena Petrovic schreift awer net nëmmen Operen. Si ass grad erëm vun New York, wou e Concerto vun hir an der Carnegie Hall opgeféiert gouf ...…
De brasilianesche Polit-Drama "I'm Still Here" gouf hënt mam Oscar fir dee beschten internationale Film ausgezeechent. Bei eis leeft de Film zënter der leschter Woch am Kino. De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi haten "I'm Still Here" de leschte Samschdeg am Grousse Kino beschwat.
Ausser datt seng Mamm op der Lëtzebuerger Ambassade zu Wien schafft, hat de Lukas Sternath bis elo keng Relatioun mat Lëtzebuerg. Nach ewell gouf de Pianist gemeinsam vum Musikverein Wien, dem Konzerthaus Wien an der Philharmonie fir d’Serie Rising Stars nominéiert. Muer Dënschdeg, 4. Mäerz, feiert de Lukas Sternath an dëser Concertsrei säin Debut zu Lëtzebuerg.…
No "Mettre au Monde" - ee Stéck iwwer Leihmutterschaft - brécht d’Realisatrice Renelde Pierlot mat engem weideren Tabou-Sujet a proposéiert mat "Les jours de la lune" ee Stéck iwwer Menstruatioun. "Pas le sujet le plus vendeur qui soit", seet eng Figur um Ufank vum Stéck. An awer - oder eebe grad - ass et een Theema, dat jiddweree betrëfft. "Les jours de la lune", geschriwwe vun der Renelde Pierlot an dem Francesco Mormino, ass eng Rees vum Obskurantismus an d’Luucht vun der Wëssenschaft an der Gläichberechtegung. De Jeff Schinker huet d’Metteuse en scène fir ee Gespréich an de Studio agelueden.…
Zwee Pianisten, zwee Pianoen a ganz vill Improvisatioun erwaarden d'Visiteure beim Concert vum Jean-François Zygel a Paul Lay. Déi zwee Museker sinn an zwou verschiddene Museksrichtunge verwuerzelt - Eemol an der Klassik, eemol am Jazz. Wat si verbënnt: d'Talent op der Bün ze improviséieren. Mee wéi geet Improvisatioun um Piano, an ass dës Iddi vum Pianosduell nei? Doriwwer schwätzt de Pianist Jean-François Zygel mam Marie Trussart aus der Opus-Ekipp.…
De Proprietär vun engem historesche Gebai um Fëschmaart wëllt eng Geschäftsiddi testen, awer mat wiem? Eng frëschgebake Grafikdesignerin an Illustratorin freet sech, op si hir kreativ Aarbechten net och ausstelle kéint. Tatsächlech bréngt den Zoufall déi zwee zesummen. Den Zoufall? Oder éischter e gewësse Mark Schommarz? D‘Kerstin Thalau war um Fëschmaart, huet den Ausstellungsprojet gesinn an de Mark Schommarz an de Studio invitéiert.…
Ouni Doudesfäll geet et dann awer net: Nom Erfolleg vun den zwou Saisone vu "Capitani" ass et net méi um Luc "Capitani" Schiltz, mee um Albert Henrotin (Jules Werner) un um Léon Clemens (Timo Wagner), Fäll ze léisen. Anescht wéi bei "Capitani" interesséieren sech déi zwou fiktional Figuren awer fir Fäll, déi wierklech passéiert sinn - an eis an d’Lëtzebuerg vum fréien 20. Joerhonnert zeréckféieren. De Jeff Schinker huet de Realisateur a Showrunner Loïc Tanson esou wéi d’Schauspiller Marie Jung a Philippe Thelen bei sech an de Studio agelueden, fir sech iwwer d'Serie ze ënnerhalen.…
De Mikrokosmos vun der Lëtzebuerger Literaturwelt ass an Trauer: Mam Pierre Joris huet eis eng vun de bedeitendste Stëmme vun der Lëtzebuerger Literatur verlooss. De Schrëftsteller Jean Portante, deen eis de Moien déi traureg Nouvelle vu sengem Doud matgedeelt huet, huet sech Live an de Kultur um 5 erageschalt, fir dem Pierre een Hommage ze erweisen.…
Heartbeats: En neie Perkussiounsconcerto gëtt fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg opgeféiert. D'Solistin Vivi Vassileva spillt mat de Lëtzebuerger Philharmoniker. "Outside the box" - esou beschreift d'Philharmonie dëse Concert vum 27. Februar 2025. Am Mëttelpunkt steet d'Vivi Vassileva. Déi bulgaresch-däitsch Perkussionistin trëtt weltwäit op an ass och ganz bekannt mat hire kreativen a positive Videoen op de soziale Medien. An der Philharmonie spillt si zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, an am Fokus steet en neit Wierk: “A Savage Beat” Dëse Concert iwwerdroe mir live um opus 100,7 a radio 100,7 den Donneschdeg, 27. Januar vun 19h30 un aus der Philharmonie. Et ass eng gemeinsam Iwwerdroung mam SR Kultur, déi vum Christophe Mirkes a vum Maria Gutierrez moderéiert gëtt.…
Vum 6. bis 16. Mäerz ass de Luxembourg City Filmfestival. Traditionell bedeelegen sech och eng Rei Kulturinstitutiounen, mat eegenem Programm, um Fest. Esou zum Beispill de Cercle Cité, wou Dir elo schonn zwou immersiv a partizipativ Installatiounen entdecke kënnt: dorënner "Ceci est mon coeur" vun de Gebridder Blies, Realisateure vu Moulhouse a Matgrënner vun der experimenteller Filmproduktiounsfirma a_Bahn, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet. D'Kerstin Thalau an d'Sté Bisenius hu sech op "Ceci est mon coeur" agelooss, wëllen hir Impressioune mat Iech an den zwee Kreateuren deelen an hunn also den Nicolas Blies an de Stéphane Hueber-Blies an de Studio invitéiert.…
Hie selwer huet sech als Nomad vun der Literatur bezeechent, en Explorateur, deen duerch international Literaturen a Kulturen a ville Sproochen navigéiert. Haut de Moien (27.2.) koum d’Noriicht, datt de Pierre Joris eis am Alter vun 78 Joer verlooss huet. D’Valerija Berdi mat engem Bäitrag iwwer a mam Pierre Joris…
D’Musek vun Haut begleet de Perkussionist Guy Frisch all Dag an dominéiert net nëmme säi Liewen als Museker mee och als Direkter vum Ensembel fir Nei Musek United Instruments of Lucilin. Wéi et dozou koum, a wat hien dodru faszinéiert, erzielt hien dem Pit Brosius am neien Episod vum Podcast "Hanner den Téin". Episod 4 lauschteren Alles ronderëm déi nei Musek Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast “Hanner den Téin” stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt.…
A "Vreckvéi" stinn zwou jonk Schwëstere virun der Erausfuerderung, de verstuerwenen Elteren hire Bauerenhaff ze geréieren. Et ass ee staarken, minimalisteschen Text, dee mat knappe Sätz villes seet - net just iwwer eng Generatioun, déi d'Orientéierung verluer huet, mee och op enger méi metaphysescher Ebene eppes iwwer d'Struewelen an d'Isolatioun vu mënschlechem Liewen. D'Elise Schmit huet dem Simon Longman säin Text an d'Lëtzebuergescht iwwersat a verréit eis, wéi no hir den Text wärend dem Iwwersetze ginn ass.…
Welcome to Player FM!
Player FM is scanning the web for high-quality podcasts for you to enjoy right now. It's the best podcast app and works on Android, iPhone, and the web. Signup to sync subscriptions across devices.